Wëllkomm um Internetsite vum Bicherclub.
Mir stellen eis vir
De Bicherclub gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Mir hunn esouwuel eise Siège social wéi och eise Bicherbuttek an der aaler Schoul, 5 rue de l’École, zu Eschweiler (Jonglënster).
De Veräin huet als Zil d’Promotioun, de Schutz, d’Erhalen an d’Verbreedung vum Buch.
Mir verkafen déi Bicher, déi mir gespent kréien, zu gënschtege Präisser an eisem Bicherbuttek. De Bicherbuttek zu Eschweiler ass e charmante klengen Treffpunkt fir Buchliebhaber an huet all Samsdeg vun 14 bis 17 Auer op. Hei fannt Dir eng villfälteg Auswiel u „Secondhand Bicher„, vu Klassiker bis zu moderne Wierker, an enger gemittlecher Atmosphär, déi zum Entdecken invitéiert.
De Buttek ass an enger aler Schoul ënnerbruecht, wat him e ganz besonneschen historeschen a kulturellen Touch gëtt. All Woch kënnt Dir nei gespente Bicher an engem geraumten a frëndleche Kader entdecken.
Zousätzlech organiséiere mir eemol d’Joer eng Bicherbourse an zu Eschweiler de Bicherverkaaf op de Kilo.
Den Erléis aus dem Bicherverkaf gëtt benotzt, fir kulturell Projeten z’ënnerstëtzen an ze finanzéieren.
Dir musst allerdéngs verstoen, dass mir näischt fir Är Bicher bezuele kënnen; éischtens géinge mer da Commerce bedreiwen, wat enger A.S.B.L. net erlaabt ass an zweetens benotze mir jo dat Geld, dat mir duerch de Verkaf vun deene gespente Bicher era kréien, fir eis Spenden u Bibliothéiken, Archiver oder aner Ariichtungen maachen ze kënnen.


Bicherbuttek

All Samschdeg op vun 14 bis 17 Auer.
5, rue de l’Ecole
L-6169 Eschweiler
tél : 26 78 03 46
email: secretaire@bicherclub.lu



E Samschdeg, de 5. Abrëll, huet de Bicherclub (LBC) am Kader vu senger Assemblée Générale, zweemol en Don am Wäert vu jeeweils 3000 € iwwerreecht:
– een un d’Schoul Buerglënster,
– an een un de Päerd’s Atelier Liewenshaff.
E weidere Don vun 3000 € geet un de „Prix Laurence – Beetebuerg“.







No der Begréissung duerch de President dem Här Anicet Schmit huet de Lënster Bicherclub Luxemburgensia jeeweils 3000 Euro un den d’Ecole fondamentale vun Gonnereng, an en 2ten Don vun 3000 € un d’Association “ Il était une fois… asbl “ (Bibliothèque multilingue fir Kanner vun 0 bis 10 Joër) iwwerrescht.






No der Begréissung duerch de President dem Här Anicet Schmit huet de Lënster Bicherclub Luxemburgensia dräi Don’n vun jeeweils 3000 Euro un den Télévie, een 2ten Don vun 3000 € un de Musée Thillenvogtei vun Rindschleiden iwwerreecht een 3ten Don un d’Ecole fondamenale – Lënster Grondschoul Iwwerrescht.
Och dëst Joer sinn erëm Aktivitéiten geplangt ënnert anerem de grousse Bicherverkaf fir 1 € de Kilo, Samschdeg, den 13. Mee an dem 9. September am Haff vum Bicherbuttek zu Eschweiler an de Bicherbazar, Sonndeg, den 3. Dezember am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster.

All Woch eng parti nei Bicher vu Leit déi eis Bicher spenden.

Mir verkaafen des Bicher, mat dem Erléis finanzéiere mir Projeten op kulturellem Niveau.
(10 % fir all eis Memberen
)

ass geduecht fir Bicher (an engem gudden Zoustand) ze tauschen oder ze léinen.
La cabine de livres est à votre disposition pour emprunter ou échanger des livres (en bon état) .
The book booth is available for borrowing or exchanging books (in good condition).
An Zesummenaarbecht mam Lënster Bicherclub Luxemburgensia an der Lënster Bibliothéik.

